Regionalschoul-Uewersauer
News Archiv
Um Burfelt C4 Kass
Hei de Link op eis Sait wou der Fotoen an Infoen fannt zu eiser Sortie mam Kanu op de Burfelt.Coupe scolaire c4
Hei e puer Impressiounen vun eiser Coupe scolaire. Merci alle Bedeelegten fir hier Hëllef!Journée de la francophonie
Comme l'année passée, l'école régionale fête la journée de la francophonie.Ci-dessous, une galérie d'images du cycle 4.
Jippelcher am C1!
Zanter dem 7. Abrëll gin an der Klass vum Nadine Frising am Brutkasten 20 Eer ausgebréit.En Mëttwoch den 27. Abrëll an en Donneschdig sin eis Jippelcher endlich geschlüpft.
Dat ass en flott Erliefnis, an di Jippelcher sin sou süss!
Meurtre au poulailler
D'Kanner aus dem Cycle 4 kennen dat Buch "meurtre au poulailler"...leider hunn mer et am Moment mat engem zimlich schroen Mierder bei eiser Schoul ze dinn. 16 vun eisen Hunger hunn di lescht Nuecht d'Attack vun dem hannerhältegen Eeërdéif nik iwwerlieft. Hei ënnen d'Foto vum Verbriecher. Sollt een en remerkennen, dann mellt eech w.e.g.Virleefeg verkafe mer dann lo mol keng Eeër.
Foco mat Guillaume et Manil
Dëse Weekend hëllt een groussen Deel vun eisen Enseignanten un enger Foco deel. Thema: différenciation.Un grand MERCI aux formateurs Léonard Guillaume et Jean-François Manil qui nous ont fait réfléchir et nous ont donné beaucoup de nouvelles idées.
Virliesconcours 2016
Haut de Mëtteg hunn di 4 bescht Lieser aus dem C4 na eemol mussen géindeneen untrieden fir ze weisen wat si kënnen. Et waren d'Lou Biver, d'Lenia Czekanovic, d'Jyll Hoffmann an d'Fiona Schumacher.
Di véier Meedercher hunn hiere Kolleegen aus dem C4 flott Bicher virgestallt an een Deel doraus virgelies. Dono hott na jidderee séng Fähegkeete beim Virliese vun engem onbekannten Deel aus dem Buch "Weiberkram?" vum Sigrid Zeevaert mussen ënner Beweis stellen.
No enger schwéierer Entscheedung, gouf decidéiert datt d’Jyll eis Schoul an der regionaler Final géint di aner Schoulen aus dem Secteur soll vertrieden. Elo well dem Jyll BONNE CHANCE a mer hoffen datt hatt och weiderkënnt an dann an der Staadt un der nationaler Final kann deel huelen.
Op eis 4 Finalistinnen warden lo flott Buchpraisser.
D'Léierpersonal vum C4 seet alle Kanner di beim Concours matgemeet hunn ee ganz grousse MERCI fir hiere Courage an hier gutt Leeschtungen.
Hei e puer Impressiounen zu der Final vum Virliesconcours an enger klenger Fotogalerie.
BeeSecure
BeeSecure fir Elteren3. Februar 2016 um 20:00 - salle de projection, bâtiment c2 de l'école régionale Uewersauer.
BeeSecure Formatioun fir Elteren. Dir wëllt wëssen wéi der äert Kand am Emgang mat Internet, Facebook, Smartphone an Tablett kënnt ënnerstëtzen a schützen? D'Formateuren vun BeeSecure ginn eech een Anbléck, beäntweren Froen an weisen op Chancen a Risiken hen.
Fir weider Detailer klickt op de Pdf Bee_Secure1 hei ënnen.
Org. Elterevereenigung