Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

News Archiv


De Kéisécker am C2

D'Kanner aus dem C2, Klass Kratzenberg, hunn sech intensiv mam Kéisécker beschäftegt an och eppes fir dëst Déier hannert eiser Schoul gemeet. Klickt op de Link an entdeckt méi doriwwer.
Detailer ueweisen

Dag ronderem d'Buch am C4

Haut dréiht sech bei eis an der Schoul alles em d'Buch. Et gëtt virgelies, gelies, Book-Speed-Dating gemeet, d'Mediathéik gëtt erforscht...a villes méi.
Detailer ueweisen

Bonne Chance fir eis Ofschlossschüler '15

Mat engem Fussballmatch an enger Spaghettisfrees hunn mer eis Ofschlossschüler op de Wee aus dem Fondamental an de Postprimaire geschéckt.  Hinnen all Bonne Chance fir hier Zukunft. 
Merci der Elterevereenegung fir hieren onermiddlechen Asaatz.
Detailer ueweisen

Finalisten vum Virliesconcours '15

Och dëst Joer hunn d'Schüler aus dem C4 um nationale Virliesconcours Deel geholl. Eis drai Finalisten, Emil, Cisca an Emilie, kënne stolz op hier Leeschtung sënn. 
An der regionaler Final zu Woltz hott d'Cisca Eeckels eis Schoul vertrueden. Belount goufen di drai éischt mat flotte Bicher.
Detailer ueweisen

Nistkästercher ophänken

Nodeems d'Kanner aus dem C4 an C3 Nistkästercher gebaut an di kléng aus dem C2 des gemolt haten, goufen di Dénger elo opgehang.
Detailer ueweisen

Fotoprojet Natur em d'Regionalschoul Uewersauer

Kuckt eech hei e flotte Fotosprojet vun der Klass Schroeder aus dem C4 un.
Detailer ueweisen

Schof scheeren

Haut de Mëtteg goufen di zwee erwuesse Schof di seit enger Woch bei eisen Weieren als Méinmaschinn schaffen geschuer an eis Schüler konnte sech dat unkucken.
Detailer ueweisen

Sandkëscht fir eis Hénger

Haut kruten eis Hénger eng Sandkëscht gebaut fir datt si sech an Zukunft sou vun Zait zu Zait kënnen am Sand bueden. Dëst dréiht dozoubai Parasiten an Krankheeten op engem natirlichen Wee ze bekämpfen.
Detailer ueweisen

Nichoirs...

Am Kader vun eisen Naturdeeg hunn Kanner aus dem C4 an C3 Vullenhaisercher gebaut. Des ginn vun deen Kléngen aus dem C2 gemolt an no der Péngschtvakanz ronderem eis Schoul an ronderem d'Weieren opgehang.
Detailer ueweisen

Naturdeeg

Ab dem 18. Mee heescht et bei eis an der Schoul NATUR PUR!
D'Schüler aus eiser Schoul befaassen sech des Woch mi intensiv mat der Natur. Geessen a Schof bei eise Weieren, Aktivitéiten ronderem eis Beien zesummen mam Imker, schaffen un eisem Héngerpark an Aktivitéiten an Atelieren em artgerecht Déierenhaltung, Schof schieren, grouss Botz em d'Schoul, Recycling,...a Villes méi.
Detailer ueweisen