Regionalschoul-Uewersauer
News Archiv
Detailer ueweisen
eis Bicher am PDF - nos livres sous forme digitale
Léif Elteren vun eise Schüler, verschiddener vun eech hate nogefrot op et méiglech wär fir direkten Zougrëff op eis Bicher ze kreien. Am Beraich ELTEREN fannt dir ab elo de Link fir an ee Fichier wou een all eis Bicher (souweit mir digital Versiounen hunn) am PDF ka roflueden. Notzt den IAM vun äerem Kand fir Accès ze kréien.Chers parents de nos élèves, à partir d'aujourd'hui vous pouvez trouver tous nos livres et manuels scolaires (dans le moyen du possible) en version digitale sur notre site internet. A trouver dans la rubrique "ELTEREN" - PARENTS. Veuillez utiliser l'IAM de votre enfant pour avoir accès.
Regionalschoul Uewersauer op Instagram
Intresséiert wat mir maachen?Abonnéiert eech!
De Kleeschen an den Houseker koumen an d'Schoul
De Kleeschen an den Houseker koumen de Moien bei déi klengste Kanner an hunn Titercher matbruecht.NaturAG C4 op Instagram
Dir wëllt e puer Andréck kréien vun deem wat an eiser NaturAg leeft?Suivéiert eis op INSTAGRAM.
hei de QR code an de Link.
Mir hu gewonn! D’NaturAg wënnt beim ´Äre Projet (m)am Naturpark’ -Concours!
Am Kader vun deem flotte Projet, ausgeschriwwe vun deen 3 Naturparken, haten eis Schüler aus der NaturAg sech gemellt an hunn e « prix d’encouragement » gewonn.Felicitatiounen un d’Schüler di bei eiser Ag ëmmer e groussen Engagement weisen. Bravo! Deen hei Präis hutt dir eech verdingt! Kuckt onbedingt de Film!
Matdeelung un d'Elteren - Avis aux parents 16.10.2020
Léif Elteren,Am Anhang fannt Dir een Avis betreffend d'Schoulvakanz, d'Organisatioun an de Règlement interne vun der Maison Relais.
Horaire - Ecole de Musique de l'UGDA
Hei den Detail vum Solfège.D'Coursen ginn gehaalen vun der Mme Jouck:
FM1 (12 Schüler): Jeudi 15h00 - 16h00
FM2 (9 Schüler): Jeudi 16h30 - 18h00
FM3 (13 Schüler): Samedi 09h00 - 11h00
FM4 (13 Schüler): Samedi 11h00 - 13h00
Bei eise Beien
Des Woch hate mir Rendez-Vous mam Michel Koch bei eise Beien. Hei e puer Andréck.Fotoprojet Fréijoer 2020 C4 Kass
No vill Schouldoheem a ganz vill "KengSchoul" hu mir eis d'Fréijoer ronderem d'Schoul ungekuckt.Kompetenz: faire du beau. Flott Fotoen hunn eis Schüler mat den iPad'en geschoss an dono verschafft.
Klickt hei ënnen op GALERIE fir een Anbléck ze kréien.
Wat ass Corona? Videoen fir Kanner an aaner interessant Links
Et ass net einfach senge Kanner op eng altersgerecht Aart a Weis ze erkläre wat de Corona-Virus ass. Well et awer esou wichteg ass datt si verstinn firwat am Moment esou vill an hirem Alldag sech ännert an op wat si mussen oppassen, fann Dir hei e puer Videoen déi erklären wat den Corona Virus ass an wéi een domadder ëmzegoen huet.Nieft den Links zu den Videoen, fannt dir hei och nach en puer Links op Internet Säiten an Youtube Channels déi iech kennen hëllefen d'Instruktioun doheem weider ze féieren.
SchoulDoheem
Fannt hei e puer nëtzlech Infoen an Adressen di während deen zwou Wochen, an deenen d'Schoulen zou si, kënnen hëllefraich sinn, fir datt d'Kanner awer kënne weider schaffen.Veuillez trouver ci-dessous des informations et des adresses utiles en ce qui concerne l'enseignement des élèves pour la période du 16 mars au 29 mars.
utilisez le lien ci-dessous - benotzt de Link direkt hei drënner