Regionalschoul-Uewersauer
News Archiv
Detailer ueweisen
Fotoprojet Fréijoer 2020 C4 Kass
No vill Schouldoheem a ganz vill "KengSchoul" hu mir eis d'Fréijoer ronderem d'Schoul ungekuckt.Kompetenz: faire du beau. Flott Fotoen hunn eis Schüler mat den iPad'en geschoss an dono verschafft.
Klickt hei ënnen op GALERIE fir een Anbléck ze kréien.
Wat ass Corona? Videoen fir Kanner an aaner interessant Links
Et ass net einfach senge Kanner op eng altersgerecht Aart a Weis ze erkläre wat de Corona-Virus ass. Well et awer esou wichteg ass datt si verstinn firwat am Moment esou vill an hirem Alldag sech ännert an op wat si mussen oppassen, fann Dir hei e puer Videoen déi erklären wat den Corona Virus ass an wéi een domadder ëmzegoen huet.Nieft den Links zu den Videoen, fannt dir hei och nach en puer Links op Internet Säiten an Youtube Channels déi iech kennen hëllefen d'Instruktioun doheem weider ze féieren.
SchoulDoheem
Fannt hei e puer nëtzlech Infoen an Adressen di während deen zwou Wochen, an deenen d'Schoulen zou si, kënnen hëllefraich sinn, fir datt d'Kanner awer kënne weider schaffen.Veuillez trouver ci-dessous des informations et des adresses utiles en ce qui concerne l'enseignement des élèves pour la période du 16 mars au 29 mars.
utilisez le lien ci-dessous - benotzt de Link direkt hei drënner
AVIS OFFICIEL DU GOUVERNEMENT AUX PARENTS D’ENFANTS FRÉQUENTANT UNE STRUCTURE D’ACCUEIL OU UN ASSISTANT PARENTAL
Veuillez trouver ci-dessous les documents concernant la fermeture des établissements scolaires et structures d'accueil ainsi que des adresses utiles.Projet Hoërwiss
Dënschdes, den 10. März hu mir eis zesummen mam Ally Holtz d'Höerwiss ungekuckt.Smoothie-Projet NaturAg
Haut hunn eis Schüler aus der NaturAg di éischte Kéier Smoothie gemeet mam Uebst dat mir vum BIOKEIMLING kréien.Et handelt sech hei em e Projet am Beraich Nohaltegkeet dee mir am Kader vum ReScUe lancéiert hunn.
Night, light and more
Freides, de 6. März hu véier vun eise Klassen um Lights and more Owend an eiser Schoul Deel geholl. Organiséiert ass dësen Evenement vun den Naturparken Our an Uewersauer, mam Zil op d'Liichtverschmotzung opmerksam ze maachen.Eis Schoul setzt sech am Kader vum ReScUe Projet staark fir Vermeidung vun Offall an Energieverschwendung an, sou datt des Opféierung eng weider Initiativ ass fir op des Probleematik hinzeweisen.
Hei e puer Andréck.
ReScUe
Offizielle Start vu ReScUe! Eis Schoul engagéiert sech a mécht grouss Schrëtt a Richtung Bildung fir nohalteg Entwécklung.Formation - les 12 besoins identitaires de l’école
30 vun eisen Enseiganten hunn dëse Weekend un enger Formatioun mat de Formateuren Guillaume a Manil deel geholl.Wat brauche Schüler, wat mécht Léieren aus...
Fairtrade & Regional
Fairtrade a Regional.D'Schüler aus dem C4 hunn dëse Freideg, den 10. Oktober zesummen Kaffi gedronk an iwwer regional a Fairtrade Produite geschwat. Geliefte Nohaltegkeet.
Hei e puer Impressiounen vum gemeinsamen Frühstück.