Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

News Archiv


Schoulorganisatioun 2019/2020

An dësem Dokument fann Dir alleguerten déi wichteg Informatiounen fir d'nächst Schouljoer. Aus Dateschutzgrënn ass et eis leider nik méi méiglech d'Klassenopdeelung an dësem Dokument ze publizéieren. D'Léierpersonal wäert Eech an deenen nächsten Deeg matdeelen an wei eng Klass Äert Kand d'nächst Schouljoer wäert kommen.
Detailer ueweisen

Musik an Danz

Wéi och well lescht Joer hunn haut vill vun eise Schüler gedanzt a gesong. D'ganz Schoul huet sech dat ungekuckt.
Top Kanner! Eng super Virstellung! Merci
Detailer ueweisen

Gratulatioun - LASEP

Mir GRATULÉIEREN eise Schüler vun der Lasep fir déi super Resultater beim Schwammfest um Belair.
TOP Kanner - gutt geschwomm!
Detailer ueweisen

D‘NaturAg am Luxemburger Wort

Fridays for future war an dee leschte Wochen a villen Zeitungen een Thema. D‘Wort hat hat dest Thema opgegraff a wollt den Asatz vu Kanner a Jugend eemol e bessi anescht beliichten. Dowéinst ware si bei eis op Besuch an hunn eis NaturAg interviewt. Hei den Artikel aus der Zeitung fir jiddereen deen en nik gelies hat.
Detailer ueweisen

Bichermaart

Freides, de 26. Abrëll war Bichermaart an der Schoul. Ee vollen Erfolleg, eis Schüler hu Bicher verkaf a Bicher getosch! Merci der Elterevereenigung fir d‘Kaffisstuff!
Detailer ueweisen

Visite vun eise Politiker an der Schoul

Donneschdes, de 25. Abrëll waren 12 vun eise Politiker aus deen drai Gemenge vun der Regionalschoul bei eis fir sech e Bild ze maache wéi d’Kanner an der Schoul schaffen a léieren.
Vun 8:00 - 10:00 konnte si sech direkt an de Klasse vum C3 an C4 un den Aktivitéite bedeelegen. D’NaturAg an de Schülercomité hu sech virgestallt an d’Schüler hunn och vun der Geleenheet profitéiert fir de Gemengeresponsablen Froen ze stellen.
Eis Formateuren Jean-François Manil a Léonard Guillaume waren och an der Schoul, hu mat de Kanner a mat den Erwuessene geschwat.
Tëschend 10:00 an 12:00 gouf dunn zesummen di pädagogesch Hannergrënn vun eisem Unterrecht beliicht an et koum zu engem intressanten Austausch.
E grousse Merci fir den Interessi soe mir eise Politiker!
Detailer ueweisen

Pedikür fir eis Geessen

D´Veterinärin Karolien huet mat Hëllef vun eiser NaturAG de Geessen d´Féiss gebotzt an hir Houfe gekierzt.
Klickt op de Link ‚Galerie‘ fir d‘Biller an d‘Filmer ze gesinn.
Detailer ueweisen

Friday for future

Solidaresch mat de Schüler aus dem Secondaire hunn och mir haut eis Gedanken iwwert de Klimawandel gemeet.
Detailer ueweisen

De Cycle 3 am Schnéi

D'Klasse vom Schoulmeester Jhemp a Jo waren am Schnéi.
Detailer ueweisen

Foco Mathé

Les mathématiques: des notions à construire en continuité.  Dëse Weekend hu mir eng Formatioun am Beraich Mathé gehat a mat den Häre Manil a Guillaume geschafft.
Detailer ueweisen

Krëppespillopféierung

Ee Grupp vu Kanner aus eiser Schoul hott an dee leschte Wochen e Krëppespill astudéiert an haut opgefouert.
D'ganz Schoul hott sech dat ungekuckt. Bravo fir äer Leeschtung!
Detailer ueweisen