Regionalschoul-Uewersauer
News Archiv
Detailer ueweisen
Projet EQUITABLE am C4
Nohaltegkeet, FairTrade a regional Produkter stoungen de 26. Mai bei eis am Fokus.Littering
D'Kanner aus den verschiddenen Cyclen an der Maison Relais hunn Affichen zum Thema "Littering" entworf.An der Gallerie fann dir d'Entwërf déi vun der Jury zereckbehalen goufen.
Dës Entwërf ginn lo vergréissert an an den Uertschaften, lanscht d'Stroossen an am Schoulhaff opgestallt.
Fréijoer em eis Schoul
Mir sinn definitiv eng naturverbonnen Schoul! Eng Iintefamill schwëmmt am Moment em eis Schoul an wann een sech Zait hëllt an roueg bei eiser Bréck steet, kann een och eng Bisamrat gesinn di do vun Zait zu Zait optaucht.Hei e puer Fotoen vun den Iinten an ee Video vun der Bisamrat!
Projet Littering
Am Kader vum Projet Littering, hunn d'Kanner vum Cycle 3 an 4 virun der Ouschtervakanz eng Grouss Botz emt d'Schoul an durch Harel organiséiert.Projet Littering
Schoulsportdag 2017 am Cycle 2
De 6. Abrëll 2017 hunn d'Kanner vum Cycle 2 um Schoulsportdag deelgeholl. Dee stung dëst Joër am Zeeche vum Fridden. Dozou konnte si verschidden sportlich Aktivitéiten ausprobéieren. Vun Yoga iwwer Bouschéissen wor vill Intressantes derbäi.Sou vill Offall (Essen) produzéiere mer an enger Woch am C1!
Während der Woch vum 27. bis 31. März hun all d'Klassen vum C1 den Offall gesammelt, deen während dem Essen entstan ass. Hei ass dat wat di 8 Klassen zesummen gesammelt hun. Hëlleft äis w.e.g. den Offall ze vermeiden an evitéiert Alufolie, Frischhaltefolie an pabeiers Zerwéiten fir Essen anzepacken. Benotzt dofir Schmierekëschten sou wéi Drénkbecheren. D'Kanner an Léierpersonal vum C1 soen Eech dofir MERCI!Virliesconcours am C4
Wi all Joer hunn och dëst Joer vill vun eise Schüler um Virliesconcours deel geholl. Éischt Etapp war Virliesen zum Thema "doheem" virun enger Jury aus Enseignanten a Kanner. All de Kanner di sech bedeelegt hunn drécken mir een décke Luef aus fir hier gutt Performancen an hiere Courage. An di nächst Ronn koumen 4 vun eise Schüler, di och een onbekannten Text hunn musse virdroen. De Gewënner gëtt Unfank dëser Woch bekannt ginn. Elo awer well BRAVO Lena, Noémie, Lou an Can.GROUSS BOTZ - Mir maache mat
Dem Dreck de Krich unkënnege war an deen leschte Woche bei eis an der Schoul ee wichtegt Thema.Heimadden maache mir een Opruff u jidderee:
Bedeelegt eech un den Aktiounen an äere Gemengen!
D'Schüler aus dem C4 hunn Flyeren entworf fir jiddereen zur Bedeelegung ze motivéieren. Hei eng kleng Auswahl vun hiere Produktiounen.
ORIKA
Orientatioun fir Kanner - C4 goes LNWLittering
D'Schüler aus der Regionalschoul Uewersauer setzen sëch fir den Emweltschutz an.Sie hunn op Initiativ vun der Emweltkommissioun aus der Stauséigemeng an
an Zesummenarbecht mam Naturpark an der Natur- an Forstverwaltung e Projet
zum Thema "Littering" an d'Liewen geruff.