Regionalschoul-Uewersauer
News Archiv
Detailer ueweisen
FOCO - Pédagogie du chef d'oeuvre
Schon bal zu enger Traditioun ginn...eemol am Joer loosse mer eis vun den Häere Leonard Guillaume a Jean-François Manil am Beraich Pedagogie an Didaktik weiderbilden. Och dëst Joer ware si rem bei eis an hunn eis d'Pedagogie vum Chef d'oeuvre probéiert mi no ze bréngen.Wi och di lescht Joeren, kënnt des Foco gutt bei den Enseignanten un a bréngt eis an eisen Iwwerleeungen a Virgehensweise weider.
Dag vum Bam 2016
D'Klassen vum Daniele Gira, Joëlle Karier an Nicole Neu waren den 15. November 2016 Hecken planzen.Assemblée Générale Elterevereenigung
Haut war déi alljährlich Generalversammlung vun der Elterevereenigung. Am Numm vun de Kanner a vum ganze Schoulpersonal e grousse MERCI un déi engagéiert Elteren.Young Walkers Day zu Woltz
Den 20. Oktober war eis LASEP Sektioun zu Woltz um Young Walkers Day!Bravo fir all déi, déi mat waren! 7,5 Kilometer!!!!!
Mer waren an d'Gromperen!
D'Kanner aus de Klassen vun der Joffer Pascale Karpen an der Joffer Nadine Frising aus dem C1 waren zesummen op Ranschelt an Thillenvogtei. Do hu mer als éischt Gromperen geraft an dono hu mer zesummen Gromperekichelcher gemeet. Nomëttes si mer an de Bongert gang an hun Äppel opgeraft a mat deenen hu mer herno Viz gemeet.Airtramp-Formatioun zu Harel an der Schoul
Einführung in die Arbeit auf dem Airtramp-Psychomotorische Arbeit im Kontext Schule
Op der Musel
D'Klassen Gira a Kass aus dem C4 waren op d'Musel an d'Drauwelies hëllefen. Beim Wënzer Théo Marx zu Stadtbredimus hunn mer an der Lies geschafft an zu Wuermer krute mer an der Kellerei erklärt wéi Crémant gemeet gëtt.Hei de Link zu de Fotoen.
TEAMWORK um Burfelt
Teamwork an der Klass förderen war d'Ziel den 21. September. Hei e puer Andréck!Wibbel an Dribbel 2016
Den C3.2 war op de "Wibbel an Dribbel"Ausfluch op La Roche
Den C3.2 war op Besuch bei hire Bréiffrënn zu La Roche an der Belsch.Besuch op La Roche
Taxe-Reglement - Sportinfrastrukturen
Hei fann dir d'Taxe-Reglement betreffend d'Benotzen vun eisen Sportinfrastrukturen sou wei et vum Ministère guttgeheescht ginn ass.