Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

Rettungsschwammen Cycle 4

2026-07-03

Éischte Concours am Rettungsschwamme vun de Klassen aus dem Cycle 4.

No deem's Schüler elo am drëtten Trimester fläisseg Rettungsschwamme geüübt hunn, war den 3.Juli hire Concours. Wou aus all Klass vum Cycle 4 dräi Schüler nominéiert goufe vir hier Klass ze vertrieden. Kanner hunn als éischt véier Froen zur Theorie misse beäntweren, befiert se dann am Waasser géint Zäit hire Kolleeg ofgeschleeft hunn. Zum Schluss hunn se dann nach um Mannequin gewisen, wéi ee Vitalwäerter kontrolléiert.

All Schüler hunn dëst mat Bravour gemeeschtert. Zum Schluss konnt sech dem Schoulmeeschter Daniel seng Klass an enger spannender Final géint der Joffer Martine hier Klass duerchsetzen, sou datt de Pokal a sengem éischte Joer do an der Klass eng schéi Plaz wäert kréien.

Nächst Joer heescht et dann un all deenen anere Klasse vir fläisseg ze üben an dofir ze Suergen, datt de Pokal nik an deem Klassesall stëbseg gëtt an dann säi Standuert an een anere Klassesall wiesselt.

Mir si stolz, ob d'Leeschtung vun all de Kanner!