Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

Kalenner

01.05: La fête du Travail
09.05: Journée de l'Europe
24.05: Le congé de la Pentecôte
29.05: Jour de congé pour l'Ascension
09.06: Lundi de Pentecôte
Zum Kalenner

Informatiounen zum "Centre pour le développement moteur" CDM

Mir, Psychomotoriker an Ergotherapeuten aus der Sektioun 2 vum “Centre pour le développement moteur” (CDM) bekëmmeren eis ëm Fréierkennung vu motoreschen Defiziter an sinn do fir d‘motoresch Fäegkeeten bei den Kanner aus dem Cycle 1.2. ze ënnerstëtzen.
D’motoresch Fäegkeeten sinn eng wichteg Viraussetzung fir de schoulmotoreschen Erausfuerderungen gewuess ze sinn.
D’Kollaboratioun mat den Elteren an dem ganzen Schoulpersonal ass och e wichtegen Deel vun eisem Handelen fir dem Kand eng Ënnerstëtzung ubidden ze kënnen. Nieft enger eventueller motorescher Förderung gëtt dem Kand seng Perséinlechkeetsentwécklung positiv ënnerstëtzt. Dës Ënnerstëtzung (Begleedung & Förderung) baséiert sech op d’Stäerkten an d’Interessen vum Kand.
Wéi gi mir vir?
- Info-Blat fir d’Elteren (Cycle 1.2.) am Ufank vum Schouljoer
- Observatiounen an der Schoul (Motoreschen Dépistage bestoend aus 14 motoreschen Übungen)
Wat kucke mir?
- Grobmotorik (Gläichgewiicht, verschidden Koordinatiounen, ...)
- Handmotorik (schneiden, molen, pechen, ...)
Am Fall wou d’Kand kéint vun eiser präventiver Aarbecht profitéieren:
- Austausch mat den Elteren an mam Schoulpersonal
- Mam Accord vun den Elteren proposéieren mir eng präventiv Förderung an der Motorik (individuell oder am Grupp)
Käschten?
- Dëse Service gëtt finanzéiert vum Ministère de l’Education nationale
Centre pour le développement moteur
1, place Thomas Edison
L-1483 STRASSEN
44 65 65 - 1
www.cc-cdm.lu
Detailer ueweisen

Transport scolaire

Hei fann dir deen neien Horaire vum Schoultransport vun der Regionalschoul Harel, deen ab ee Méindeg de 7. Oktober 2024 gëllt.

Beim Bus 3 - C1-4 - Ecole Régionale Uewersauer - Surré ass nach ee klenge Feeler. Beim Aller ass den Horaire ze Boulaide Mairie natierlech 13:43 Auer a nik 12:43 Auer.

Entschëllegt eis fir dëse klengen Tippfeeler.
Detailer ueweisen