Regionalschoul-Uewersauer
![]() | Virliesconcours 20162016-02-17Haut de Mëtteg hunn di 4 bescht Lieser aus dem C4 na eemol mussen géindeneen untrieden fir ze weisen wat si kënnen. Et waren d'Lou Biver, d'Lenia Czekanovic, d'Jyll Hoffmann an d'Fiona Schumacher. Di véier Meedercher hunn hiere Kolleegen aus dem C4 flott Bicher virgestallt an een Deel doraus virgelies. Dono hott na jidderee séng Fähegkeete beim Virliese vun engem onbekannten Deel aus dem Buch "Weiberkram?" vum Sigrid Zeevaert mussen ënner Beweis stellen. No enger schwéierer Entscheedung, gouf decidéiert datt d’Jyll eis Schoul an der regionaler Final géint di aner Schoulen aus dem Secteur soll vertrieden. Elo well dem Jyll BONNE CHANCE a mer hoffen datt hatt och weiderkënnt an dann an der Staadt un der nationaler Final kann deel huelen. Op eis 4 Finalistinnen warden lo flott Buchpraisser. D'Léierpersonal vum C4 seet alle Kanner di beim Concours matgemeet hunn ee ganz grousse MERCI fir hiere Courage an hier gutt Leeschtungen. Hei e puer Impressiounen zu der Final vum Virliesconcours an enger klenger Fotogalerie. |