Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

Regionalschoulhunger

2015-04-22

Mir presentéieren: eis Hunger!
Nieft 9 Haushunger lafen nieft eiser Schoul lo och Zwerghunger, nämlich Welsumer, Sussex an Australorps. Am Ganzen 17 Hunger an 2 Hunnen. 

Hei e puer Fotoen an Infoen.



An Zukunft kënnen d'Kanner aus eiser Schoul sech d'Hunger unkucken, hiert Verhalen studéieren, se fidderen, Eeër oprafen an ganz konkret den Aspekt vun der Nohaltegkeet nieft der Schoul erfueren. 
Ee grousse Merci dem Schoulsyndicat, dem Feeschter mat sénger Equipe souwi och der Famill Kass-Delperdange vum Kintzlés Haff déi eis et erlaben dese Projet an der Schoul durchzeféieren. 

Méi Infoen ënnert der Rubrique: Projeten.