Regionalschoul-Uewersauer
![]() | Visite vun eise Politiker an der Schoul2019-04-28Donneschdes, de 25. Abrëll waren 12 vun eise Politiker aus deen drai Gemenge vun der Regionalschoul bei eis fir sech e Bild ze maache wéi d’Kanner an der Schoul schaffen a léieren. Vun 8:00 - 10:00 konnte si sech direkt an de Klasse vum C3 an C4 un den Aktivitéite bedeelegen. D’NaturAg an de Schülercomité hu sech virgestallt an d’Schüler hunn och vun der Geleenheet profitéiert fir de Gemengeresponsablen Froen ze stellen. Eis Formateuren Jean-François Manil a Léonard Guillaume waren och an der Schoul, hu mat de Kanner a mat den Erwuessene geschwat. Tëschend 10:00 an 12:00 gouf dunn zesummen di pädagogesch Hannergrënn vun eisem Unterrecht beliicht an et koum zu engem intressanten Austausch. E grousse Merci fir den Interessi soe mir eise Politiker! |