Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

Zouwues bei de Geessen

2017-06-20

Seit zwou Wochen hunn mir zwou nei Geesse bei eiser Schoul: den Jack an de Larry, zwee jonk Béck vun e puer Méint. Et handelt sech hei em Tauernschecken, eng bal ausgestuerwen Art Geessen aus Eistraich déi mir zu Grëmmlescht bei der Famill Gillen kaft hunn. Di zwee sinn immens heemlech a super léif a loosse sech gäer vun de Kanner heemelen an unpaken.