Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

Erënnert dir eech? Charity Triathlon '18?

2021-02-02

2018 hate mir een Charity Triathlon organiséiert. No 2014 war dëst di zweete Kéier datt di ganz Schoulcommunautéit mat alle Partner sech angesat huet fir aneren ze hëllefen. A wéi!!! Mir haten di onwahrscheinlich Somme vun 24000€ gesammelt a konnten des Suen un Soleil dans la main spenden déi heimadden eng Schoul am Burkina Faso gebaut hunn. Fannt hei de Video wat mat eise gesammelte Suen geschidd ass! Villeicht hat och dir ee vun eise Leefer, Schwëmmer oder Radler ënnerstëtzt.
Nächst Joer wärt dann rem eng Aktioun an dëser Art unstoen... loosst eech iwwerraschen.

Durchliesen kënnt dir hei drënner och de Remerciement vum Soleil dans la main un eis Schoul