Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

Mardi 02.03. Lancement officiel du projet ReScUe

Tania | 02.03.2020

Am Kader vum Projet SIS - sustainable innovative schools setze mir eis verschidden Defien a probéieren der Nohaltegkeet an eiser Schoul méi e grousse Stellewert ze ginn.

De Projet selwer hu mir an eiser Schoul "ReScUe" genannt, REgionalSChoulUEwersauer. Geschafft gëtt op 
6 verschidden Themefelder déi mir folgendermoossen betitelt hunn:

Opschwong an eng zukunftsfäheg Schoul
E Schoulgebai mat Alentoure fir d'Zukunft
Eng Eesskultur fir d'Zukunft
Eng Mobilitéit fir d'Zukunft
Ouni Offall an d'Zukunft
E nohaltege Schoulprogramm fir d'Zukunft

Bedeelegt sinn all Intervenanten an, mee och ronderem eis Schoul, vu Kanner iwwer Elteren bis hin zu de Responsablen aus de Gemengen an engem groussen Deel un externe Partner wi Naturpark, Forstverwaltung, Superdreckkëscht...

am Anhang d'Projetsbeschreiwung








Commentairen


02.03.2020 | Jacques
Jiddereen ass häerzlech invitéiert sech un dësem Blog ze bedeelegen.
On vous invite tous à participer à ce blog.

09.03.2020 | Claudine
D´Zait vun den Wellkraider geet lo un. Déi kann een gudd an een Smoothie meschen.
Weider Rezepter an Idien fannt dir op www.kostbarenatur.net
Loosst iech se schmaachen!


Neie Commentaire schreiwen:







Dëse Formulaire setzt Google reCAPTCHA viraus. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.