Regionalschoul-Uewersauer

Eise Pabeierverbrauch
Jacques | 26.02.2020Am Grupp "ouni Dreck an t'Zukunft" gouf während der éischter Sitzung direkt iwwert de Verbrauch am Schoulgebai diskutéiert. Eis Schüler aus der NaturAg hunn dat opgegraff an sech direkt d'Fro gestallt wéi vill Pabeier an eiser Schoul an de Copéierer verbraucht gëtt.
Mir hu gekuckt wi vill Pabeier pro Klass vu 15 Schüler pro Joer verbraucht gëtt. Mat angerechent ass hei de Pabeierverbrauch insgesamt, also och vu Maison Relais, Ugda-Musiksschoul, Flyeren fir Manif asw.
Léisst sech dat na reduzéieren? Wéi geseit dat an aneren Schoulen aus?