Regionalschoul-Uewersauer
![]() Fotoprojet Cycle 4 Klass SchroederHei fannt dir d'Fotoen di mer an der Natur ronderem eis Schoul gemeet hunn. Benotzt goufen d'iPad'en vun eiser Klass. D'Fotoen ginn spéiderhin an enger Ausstellung an der Schoul gewisen. D'Fotoen sollen original ze gesinn sënn an och eemol an enger Fotosapp verschafft sënn. Herno gëtt zu all Foto eppes geschriwwen. Realiséiert gouf dëse Projet am Kader vun eise Naturdeeg. | ![]() | ![]() |
Pol Bissener
Gutt gefall hott mer di App DIPTIC mat der mer d'Fotoen verschafft hunn. Ech hunn et flott fonnt fir am Bësch di Fotoen ze maachen. Mir hunn och vill intressant Saachen iwwert d'Blummen rausfonnt wi zBsp. datt et och "een kriechender Lauch" gëtt, dat wosst ech nik.





















Finnja Koos
Dëse Fotosprojet hott Spaass gemaach well ech eppes béigeléiert hunn: Geessen a Schof hunn mer béi der Schoul fir d'Gras emweltfrëndlech ze méinen, d'Beien ënnerstëtzen mer well et der net méi sou vill ginn an eis Hénger sollen weisen datt Freilandhaltung di beschten Art ass fir si ze halen.
Ech fannen dat cool datt mer Fotoen konnte man well mer des konnten emäenneren.
















Lynn Koch
Dëse Fotosprojet hott mer gefall well mer oft dobaussen an der Natur waren. Ech hunn geléiert wéi een besser Fotoen kann man a wéi een déi kann verschaffen. Ech hunn Planzen kennen geléiert déi ech nach nik kannt hunn.






Sarah Rukundo
Ech hunn deen Projet ganz flott fonnt well mer an de Bësch gaang sinn. Ech hunn och vill baigeléiert, wi zBsp. datt Beien bedroht sinn. Ech fannen et och gutt datt mer Déieren bei eser Schoul hunn.





Lynn Leunessen
Ech hunn dëse Projet cool fonnt well mer vill an der Natur a bei den Déieren waren. Dat hunn ech gäer. Flott war et mat den iPad'en ze schaffen a Fotoen ze maachen an ze verschaffen. Ech hunn geléiert datt d'Geessen, Schof, Hénger a Beien net als Streichelzoo bei der Schoul sinn, mee datt si fir eppes Nëtzleches do sinn. Nämlich d'Geessen a Schof méinen emweltfrëndlech, mer kreien Hareler Hunneg an d'Hénger sollen de Kanner weisen wéi se richtig gehal ginn.






Dominique Jeangoût
Ech hunn de Fotosprojet flott fonnt well mer sou och bei d'Schof, Geessen a Co waren. Ech hunn dat cool fonnt Fotoen ze verschaffen well ech dat na ni gemaach hat. Ausserdeem fannen ech datt mer vill iwwert di eenzel Déieren geléiert hunn, zBsp wéi een se soll richteg halen. Ech géing mech freen wann mer an Zukunft nach mi oft bei d'Déieren an raus an d'Natur goen kéinnten.






Mike Thelen
Ech hunn dëse Fotosprojet gutt fonnt well mer dodurch vill dobaussen waren an sou vill iwwert Déieren geléiert hunn. Fotoen maachen war cool well mer geléiert hunn anstänneg Fotoen ze maachen a wéi dat geet fir se ze kombinéieren an ze verschaffen. Gutt hunn ech och fonnt datt ech lo wees virwat di Déieren em eis Schoul sinn.



















Edin Biever
Ech hunn et cool fonnt datt mer Fotoen gemaach hunn vun den Déieren an vun der Natur em d'Schoul a fannen et flott datt mer Geessen an Hénger em eis Schoul hunn.
Rausgoen a Fotoen maachen ass flott well dat eppes ass wat ech ni maachen. Fir mech war dat di éischte Kéier. Ech hunn vill Saachen geléiert iwwert d'Déieren a méng Kolleegen an d'Jill hunn mech mat mengem Rollstull durch de Bulli em eis Weieren gezunn.
Intressant hunn ech och eisen Naturdag fonnt well mer do iwwer Hénger, Geessen a Beien geschwat hunn.










Steve Priem
Ech hunn dëse Fotosprojet gutt fonnt well mer sou konnte raus goen :-). Mer konnten d'Schof an d'Geessen sou kucken goen. Ech hunn och während dem Projet rausfonnt wisou mer des Déieren em eis Schoul hunn: D'Geessen an d'Schof sollen ronderem eis Weiheren méinen well dëst méi emweltfrëndlech ass wi wann dat géing mat Maschinnen gemeet ginn.
D'Fotoen hunn ech mam iPad an enger App verschafft, dat man ech gäer an dat hat ech virdrun nach ni gemeet.








Joé Reiles
Mir hott de Fotoprojet Spaass gemaach well et eppes anescht war an ech dat na ni gemaach hat. Ech hunn och Saachen geléiert, wi zBsp wéi een richteg Fotoen mécht an op wat een muss opppassen. Ech hunn och Saachen iwwert d'Déieren geléiert a nei Saachen bei der Baach kennen geléiert. Ech wees lo och virwat mer Déieren an de Bësch gesat hunn, nämlich fir sou ouni Kaméidi a mat Suen a Benzin spueren ze méinen.





























Yanis Sinivassin
...
Jos Koos
Dëse Fotosprojet hunn ech flott fonnt well mer dacks dobaussen an der Natur waren. Déi vill verschidden Déieren, Käferen, Insekten, Planzen... déi mir gesinn hunn, hunn ech intressant fonnt. Um Naturdag, wéi mer an d'Baach waren hunn mer vill kléng Déieren kennen geléiert. Ech hunn et cool fonnt op den iPads d'Fotoen ze verschaffen. Di Fotoen gesidd der och um Schoulfest als Ausstellung.












Sylvia
Ech hunn de Fotoprojet flott fonnt an et hott mir Spaass gemeet dobaussen ze sënn an am Bësch Fotoen ze man. Ech man dat gäer. Mat Fotoen schaffen hat ech nach ni gemeet an dowéinst hunn ech dat interessant fonnt. Geléiert hunn ech virwat mir di eenzel Déieren em eis Schoul hunn.






