Erënnert dir eech? Charity Triathlon '18?
2018 hate mir een Charity Triathlon organiséiert. No 2014 war dëst di zweete Kéier datt di ganz Schoulcommunautéit mat alle Partner sech angesat huet fir aneren ze hëllefen. A wéi!!! Mir haten di onwahrscheinlich Somme vun 24000€ gesammelt a konnten des Suen un Soleil dans la main spenden déi heimadden eng Schoul am Burkina Faso gebaut hunn. Fannt hei de Video wat mat eise gesammelte Suen geschidd ass! Villeicht hat och dir ee vun eise Leefer, Schwëmmer oder Radler ënnerstëtzt.
Nächst Joer wärt dann rem eng Aktioun an dëser Art unstoen... loosst eech iwwerraschen.
Durchliesen kënnt dir hei drënner och de Remerciement vum Soleil dans la main un eis Schoul
Detailer ueweisen Schnéi um Stonneplang....
Schnéi...ganz vill Schnéi zu Harel ronderem eis Schoul. Dovun hunn eis Schüler profitéiert... an dat huet gutt gedo no enger Woch Schoul-doheem.
Kuckt eech hei e bessi un wéi dat ausgesinn huet. Mir hunn eech e puer Impressiounen zesummengestallt.
Klickt hei drënner fir eech alles unzekucken!Detailer ueweisenSchouldoheem.lu on-AIR - 05.01.2021-08.01.2021
An dieser Stelle finden Sie eine Übersicht über die unterschiedlichen Online-Kurse, die SCRIPT den Schülerinnen und Schülern der Grundschule, sowie den Lehrpersonen und Eltern anbietet. Die Kurse werden vom 5. bis zum 8. Januar gesendet 2021.Detailer ueweiseneis Bicher am PDF - nos livres sous forme digitale
Léif Elteren vun eise Schüler, verschiddener vun eech hate nogefrot op et méiglech wär fir direkten Zougrëff op eis Bicher ze kreien. Am Beraich ELTEREN fannt dir ab elo de Link fir an ee Fichier wou een all eis Bicher (souweit mir digital Versiounen hunn) am PDF ka roflueden. Notzt den IAM vun äerem Kand fir Accès ze kréien.
Chers parents de nos élèves, à partir d'aujourd'hui vous pouvez trouver tous nos livres et manuels scolaires (dans le moyen du possible) en version digitale sur notre site internet. A trouver dans la rubrique "ELTEREN" - PARENTS. Veuillez utiliser l'IAM de votre enfant pour avoir accès.
Detailer ueweisenRegionalschoul Uewersauer op Instagram
Intresséiert wat mir maachen?
Abonnéiert eech!Detailer ueweisenDe Kleeschen an den Houseker koumen an d'Schoul
De Kleeschen an den Houseker koumen de Moien bei déi klengste Kanner an hunn Titercher matbruecht. Detailer ueweisenNaturAG C4 op Instagram
Dir wëllt e puer Andréck kréien vun deem wat an eiser NaturAg leeft?
Suivéiert eis op INSTAGRAM.
hei de QR code an de Link.Detailer ueweisenMir hu gewonn! D’NaturAg wënnt beim ´Äre Projet (m)am Naturpark’ -Concours!
Am Kader vun deem flotte Projet, ausgeschriwwe vun deen 3 Naturparken, haten eis Schüler aus der NaturAg sech gemellt an hunn e « prix d’encouragement » gewonn.
Felicitatiounen un d’Schüler di bei eiser Ag ëmmer e groussen Engagement weisen. Bravo! Deen hei Präis hutt dir eech verdingt! Kuckt onbedingt de Film!Detailer ueweisenMatdeelung un d'Elteren - Avis aux parents 16.10.2020
Léif Elteren,
Am Anhang fannt Dir een Avis betreffend d'Schoulvakanz, d'Organisatioun an de Règlement interne vun der Maison Relais.Detailer ueweisenHoraire - Ecole de Musique de l'UGDA
Hei den Detail vum Solfège.
D'Coursen ginn gehaalen vun der Mme Jouck:
FM1 (12 Schüler): Jeudi 15h00 - 16h00
FM2 (9 Schüler): Jeudi 16h30 - 18h00
FM3 (13 Schüler): Samedi 09h00 - 11h00
FM4 (13 Schüler): Samedi 11h00 - 13h00
Detailer ueweisenBei eise Beien
Des Woch hate mir Rendez-Vous mam Michel Koch bei eise Beien. Hei e puer Andréck.Detailer ueweisenFotoprojet Fréijoer 2020 C4 Kass
No vill Schouldoheem a ganz vill "KengSchoul" hu mir eis d'Fréijoer ronderem d'Schoul ungekuckt.
Kompetenz: faire du beau. Flott Fotoen hunn eis Schüler mat den iPad'en geschoss an dono verschafft.
Klickt hei ënnen op GALERIE fir een Anbléck ze kréien.Detailer ueweisen