Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

News Archiv


NaturAg

Aktivitéit vun der NaturAg - D'Kanner aus der NaturAg hu freides, den 16. Juni eng Trap gebaut fir datt den Accès vun der Schoul bei d'Geessen an Hénger mi einfach ass. Ausserdeem gouf um Héngerpark geschafft. Klickt op de Link fir eech mi genau unzekucken wat geschafft gouf. 
Detailer ueweisen

Projet EQUITABLE am C4

Nohaltegkeet, FairTrade a regional Produkter stoungen de 26. Mai bei eis am Fokus.
Detailer ueweisen

Littering

D'Kanner aus den verschiddenen Cyclen an der Maison Relais hunn Affichen zum Thema "Littering" entworf.
An der Gallerie fann dir d'Entwërf déi vun der Jury zereckbehalen goufen.

Dës Entwërf ginn lo vergréissert an an den Uertschaften, lanscht d'Stroossen an am Schoulhaff opgestallt.
Detailer ueweisen

Fréijoer em eis Schoul

Mir sinn definitiv eng naturverbonnen Schoul! Eng Iintefamill schwëmmt am Moment em eis Schoul an wann een sech Zait hëllt an roueg bei eiser Bréck steet, kann een och eng Bisamrat gesinn di do vun Zait zu Zait optaucht. 
Hei e puer Fotoen vun den Iinten an ee Video vun der Bisamrat!
Detailer ueweisen

Projet Littering

Am Kader vum Projet Littering, hunn d'Kanner vum Cycle 3 an 4 virun der Ouschtervakanz eng Grouss Botz emt d'Schoul an durch Harel organiséiert.
Detailer ueweisen

Schoulsportdag 2017 am Cycle 2

De 6. Abrëll 2017 hunn d'Kanner vum Cycle 2 um Schoulsportdag deelgeholl. Dee stung dëst Joër am Zeeche vum Fridden. Dozou konnte si verschidden sportlich Aktivitéiten ausprobéieren. Vun Yoga iwwer Bouschéissen wor vill Intressantes derbäi.
Detailer ueweisen

Sou vill Offall (Essen) produzéiere mer an enger Woch am C1!

Während der Woch vum 27. bis 31. März hun all d'Klassen vum C1 den Offall gesammelt, deen während dem Essen entstan ass. Hei ass dat wat di 8 Klassen zesummen gesammelt hun. Hëlleft äis w.e.g. den Offall ze vermeiden an evitéiert Alufolie, Frischhaltefolie an pabeiers Zerwéiten fir Essen anzepacken. Benotzt dofir Schmierekëschten sou wéi Drénkbecheren. D'Kanner an Léierpersonal vum C1 soen Eech dofir MERCI!
Detailer ueweisen

Virliesconcours am C4

Wi all Joer hunn och dëst Joer vill vun eise Schüler um Virliesconcours deel geholl. Éischt Etapp war Virliesen zum Thema "doheem" virun enger Jury aus Enseignanten a Kanner.  All de Kanner di sech bedeelegt hunn drécken mir een décke Luef aus fir hier gutt Performancen an hiere Courage. An di nächst Ronn koumen 4 vun eise Schüler, di och een onbekannten Text hunn musse virdroen. De Gewënner gëtt Unfank dëser Woch bekannt ginn. Elo awer well BRAVO Lena, Noémie, Lou an Can.
 
Detailer ueweisen

GROUSS BOTZ - Mir maache mat

Dem Dreck de Krich unkënnege war an deen leschte Woche bei eis an der Schoul ee wichtegt Thema. 

Heimadden maache mir een Opruff u jidderee:

Bedeelegt eech un den Aktiounen an äere Gemengen!

D'Schüler aus dem C4 hunn Flyeren entworf fir jiddereen zur Bedeelegung ze motivéieren. Hei eng kleng Auswahl vun hiere Produktiounen.
Detailer ueweisen