Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

News Archiv


Organisation scolaire 2017 2018

Rectificatif - Organisation scolaire 2017-2018

Säit 10 - Elterevereenegung

Op schrëftlechen Wonsch vun der Madame Metz,  deelen mir Eech mat, dat d'Madame Metz Kim elo ze Wanseler wunnt, a nik méi ze Tarchamps. 

Detailer ueweisen

Mam Velo ënnerwee - MR

Hei een klenge Video vun de Schüler aus der Velosschoul
Detailer ueweisen

Vive le TOUR !

D' Thema vum TDF gouf an eise Klasse behandelt, verschidde Klasse kucken sech den Tour un... Begeeschtert war jiddereen vun de Gadget'en di mer vum Ministère kruten. Merci!
Detailer ueweisen

Zouwues bei de Geessen

Seit zwou Wochen hunn mir zwou nei Geesse bei eiser Schoul: den Jack an de Larry, zwee jonk Béck vun e puer Méint. Et handelt sech hei em Tauernschecken, eng bal ausgestuerwen Art Geessen aus Eistraich déi mir zu Grëmmlescht bei der Famill Gillen kaft hunn. Di zwee sinn immens heemlech a super léif a loosse sech gäer vun de Kanner heemelen an unpaken. 
Detailer ueweisen

NaturAg

Aktivitéit vun der NaturAg - D'Kanner aus der NaturAg hu freides, den 16. Juni eng Trap gebaut fir datt den Accès vun der Schoul bei d'Geessen an Hénger mi einfach ass. Ausserdeem gouf um Héngerpark geschafft. Klickt op de Link fir eech mi genau unzekucken wat geschafft gouf. 
Detailer ueweisen

Projet EQUITABLE am C4

Nohaltegkeet, FairTrade a regional Produkter stoungen de 26. Mai bei eis am Fokus.
Detailer ueweisen

Littering

D'Kanner aus den verschiddenen Cyclen an der Maison Relais hunn Affichen zum Thema "Littering" entworf.
An der Gallerie fann dir d'Entwërf déi vun der Jury zereckbehalen goufen.

Dës Entwërf ginn lo vergréissert an an den Uertschaften, lanscht d'Stroossen an am Schoulhaff opgestallt.
Detailer ueweisen

Fréijoer em eis Schoul

Mir sinn definitiv eng naturverbonnen Schoul! Eng Iintefamill schwëmmt am Moment em eis Schoul an wann een sech Zait hëllt an roueg bei eiser Bréck steet, kann een och eng Bisamrat gesinn di do vun Zait zu Zait optaucht. 
Hei e puer Fotoen vun den Iinten an ee Video vun der Bisamrat!
Detailer ueweisen

Projet Littering

Am Kader vum Projet Littering, hunn d'Kanner vum Cycle 3 an 4 virun der Ouschtervakanz eng Grouss Botz emt d'Schoul an durch Harel organiséiert.
Detailer ueweisen