Ee Grupp vu Kanner aus eiser Schoul hott an dee leschte Wochen e Krëppespill astudéiert an haut opgefouert.
D'ganz Schoul hott sech dat ungekuckt. Bravo fir äer Leeschtung!
Neien Accueil an der Maison Relais / Nouvel accueil dans la Maison Relais
Vum 2. Januar 2019 un ännert d'Plaz vum Accueil an der Fermeture an der Maison Relais. Weider Détailer fannt dir an der Annexe.
A partir du 2 janvier 2019, l'endroit de l'accueil et de la fermeture de la Maison Relais va changer. Pour plus de détails, veuillez consulter l'annexe.
Ee klenge Video mat Biller vum 1. Dezember.
De Kleeschen op Besuch, eis Klengst di flott Dänz opgefouert hunn, et gouf gesong an den Ofschloss hott eise Wantermaart gemeet .
An dësem Dokument fann Dir alleguerten déi wichteg Informatiounen fir d'nächst Schouljoer. Aus Dateschutzgrënn ass et eis leider nik méi méiglech d'Klassenopdeelung an dësem Dokument ze publizéieren. D'Léierpersonal wäert Eech an deenen nächsten Deeg matdeelen an wei eng Klass Äert Kand d'nächst Schouljoer wäert kommen.
Eis Sponsoren hunn hier Verspriechen angeléisst a mir sinn op di MEGA-Somme vun 22500 € un Spenden komm! Des Suen spenden mir integral u Soleil dans la main a bauen sou am Burkina Faso eng Schoul! MERCI all de Sponsoren, Elteren, Kolleegen, Entreprisen a jidderengem deen sech bedeelegt huet fir dëst ze erreechen. Eise SCHÜLER gëllt deen gréisste Merci fir des Wahnsinnsleeschtung an deen Engagement fir anere Kanner ze hëllefen! Léif Kanner, dir kënnt stolz op dat sinn wat dir erreecht hutt!
Momentan schaffe mir un eisem plan de développement scolaire. Wou stinn mir? Wou wëlle mir hinn? Zesummen mat den Häere Guillaume a Manil hunn mir di lescht zwou Wochen un der Identitéit vun eiser Schoul geschafft. Hei e puer Andréck vun eiser Aarbescht.