Musik an Danz
Wéi och well lescht Joer hunn haut vill vun eise Schüler gedanzt a gesong. D'ganz Schoul huet sech dat ungekuckt.
Top Kanner! Eng super Virstellung! MerciDetailer ueweisenGratulatioun - LASEP
Mir GRATULÉIEREN eise Schüler vun der Lasep fir déi super Resultater beim Schwammfest um Belair.
TOP Kanner - gutt geschwomm!Detailer ueweisenD‘NaturAg am Luxemburger Wort
Fridays for future war an dee leschte Wochen a villen Zeitungen een Thema. D‘Wort hat hat dest Thema opgegraff a wollt den Asatz vu Kanner a Jugend eemol e bessi anescht beliichten. Dowéinst ware si bei eis op Besuch an hunn eis NaturAg interviewt. Hei den Artikel aus der Zeitung fir jiddereen deen en nik gelies hat.Detailer ueweisenBichermaart
Freides, de 26. Abrëll war Bichermaart an der Schoul. Ee vollen Erfolleg, eis Schüler hu Bicher verkaf a Bicher getosch! Merci der Elterevereenigung fir d‘Kaffisstuff!Detailer ueweisenVisite vun eise Politiker an der Schoul
Donneschdes, de 25. Abrëll waren 12 vun eise Politiker aus deen drai Gemenge vun der Regionalschoul bei eis fir sech e Bild ze maache wéi d’Kanner an der Schoul schaffen a léieren.
Vun 8:00 - 10:00 konnte si sech direkt an de Klasse vum C3 an C4 un den Aktivitéite bedeelegen. D’NaturAg an de Schülercomité hu sech virgestallt an d’Schüler hunn och vun der Geleenheet profitéiert fir de Gemengeresponsablen Froen ze stellen.
Eis Formateuren Jean-François Manil a Léonard Guillaume waren och an der Schoul, hu mat de Kanner a mat den Erwuessene geschwat.
Tëschend 10:00 an 12:00 gouf dunn zesummen di pädagogesch Hannergrënn vun eisem Unterrecht beliicht an et koum zu engem intressanten Austausch.
E grousse Merci fir den Interessi soe mir eise Politiker!Detailer ueweisenPedikür fir eis Geessen
D´Veterinärin Karolien huet mat Hëllef vun eiser NaturAG de Geessen d´Féiss gebotzt an hir Houfe gekierzt.
Klickt op de Link ‚Galerie‘ fir d‘Biller an d‘Filmer ze gesinn.Detailer ueweisenFriday for future
Solidaresch mat de Schüler aus dem Secondaire hunn och mir haut eis Gedanken iwwert de Klimawandel gemeet. Detailer ueweisen25 Joer Regionalschoul Harel
Eis Regionalschoul feiert hir 25 Joer.Detailer ueweisenDe Cycle 3 am Schnéi
D'Klasse vom Schoulmeester Jhemp a Jo waren am Schnéi.Detailer ueweisenFoco Mathé
Les mathématiques: des notions à construire en continuité. Dëse Weekend hu mir eng Formatioun am Beraich Mathé gehat a mat den Häre Manil a Guillaume geschafft.Detailer ueweisenKrëppespillopféierung
Ee Grupp vu Kanner aus eiser Schoul hott an dee leschte Wochen e Krëppespill astudéiert an haut opgefouert.
D'ganz Schoul hott sech dat ungekuckt. Bravo fir äer Leeschtung!Detailer ueweisenNeien Accueil an der Maison Relais / Nouvel accueil dans la Maison Relais
Vum 2. Januar 2019 un ännert d'Plaz vum Accueil an der Fermeture an der Maison Relais. Weider Détailer fannt dir an der Annexe.
A partir du 2 janvier 2019, l'endroit de l'accueil et de la fermeture de la Maison Relais va changer. Pour plus de détails, veuillez consulter l'annexe.Detailer ueweisen