Dir sidd hei:

Regionalschoul-Uewersauer

News Archiv


Foco mat Guillaume et Manil

Dëse Weekend hëllt een groussen Deel vun eisen Enseignanten un enger Foco deel. Thema: différenciation.

Un grand MERCI aux formateurs Léonard Guillaume et Jean-François Manil qui nous ont fait réfléchir et nous ont donné beaucoup de nouvelles idées.  

Detailer ueweisen

Virliesconcours 2016

Haut de Mëtteg hunn di 4 bescht Lieser aus dem C4 na eemol mussen géindeneen untrieden fir ze weisen wat si kënnen. Et waren d'Lou Biver, d'Lenia Czekanovic, d'Jyll Hoffmann an d'Fiona Schumacher.

Di véier Meedercher hunn hiere Kolleegen aus dem C4 flott Bicher virgestallt an een Deel doraus virgelies. Dono hott na jidderee séng Fähegkeete beim Virliese vun engem onbekannten Deel aus dem Buch "Weiberkram?" vum Sigrid Zeevaert mussen ënner Beweis stellen.

No enger schwéierer Entscheedung, gouf decidéiert datt d’Jyll eis Schoul an der regionaler Final géint di aner Schoulen aus dem Secteur soll vertrieden. Elo well dem Jyll BONNE CHANCE a mer hoffen datt hatt och weiderkënnt an dann an der Staadt un der nationaler Final kann deel huelen. 

Op eis 4 Finalistinnen warden lo flott Buchpraisser.

D'Léierpersonal vum C4 seet alle Kanner di beim Concours matgemeet hunn ee ganz grousse MERCI fir hiere Courage an hier gutt Leeschtungen.

Hei e puer Impressiounen zu der Final vum Virliesconcours an enger klenger Fotogalerie.

Detailer ueweisen

BeeSecure

BeeSecure fir Elteren
3. Februar 2016 um 20:00 - salle de projection, bâtiment c2 de l'école régionale Uewersauer.

BeeSecure Formatioun fir Elteren. Dir wëllt wëssen wéi der äert Kand am Emgang mat Internet, Facebook, Smartphone an Tablett kënnt ënnerstëtzen a schützen? D'Formateuren vun BeeSecure ginn eech een Anbléck, beäntweren Froen an weisen op Chancen a Risiken hen.
Fir weider Detailer klickt op de Pdf Bee_Secure1 hei ënnen.
Org. Elterevereenigung
Detailer ueweisen

Schlittfueren am C4

D'Kanner aus de Klasse Pauly a Kass ware mam Schlitt fueren. Kuckt eech de Film un.
Detailer ueweisen

De Wanter ass do

Och d'Kanner hate laang op de Schnéi gewart. D'Freed war grouss!
Detailer ueweisen

Generalversammlung Elterevereenigung

Liest hei den Artikel am Wort zu der Elterevereenigung hierer Generalversammlung.
Detailer ueweisen

De Kéisécker am C2

D'Kanner aus dem C2, Klass Kratzenberg, hunn sech intensiv mam Kéisécker beschäftegt an och eppes fir dëst Déier hannert eiser Schoul gemeet. Klickt op de Link an entdeckt méi doriwwer.
Detailer ueweisen

Dag ronderem d'Buch am C4

Haut dréiht sech bei eis an der Schoul alles em d'Buch. Et gëtt virgelies, gelies, Book-Speed-Dating gemeet, d'Mediathéik gëtt erforscht...a villes méi.
Detailer ueweisen

Bonne Chance fir eis Ofschlossschüler '15

Mat engem Fussballmatch an enger Spaghettisfrees hunn mer eis Ofschlossschüler op de Wee aus dem Fondamental an de Postprimaire geschéckt.  Hinnen all Bonne Chance fir hier Zukunft. 
Merci der Elterevereenegung fir hieren onermiddlechen Asaatz.
Detailer ueweisen

Finalisten vum Virliesconcours '15

Och dëst Joer hunn d'Schüler aus dem C4 um nationale Virliesconcours Deel geholl. Eis drai Finalisten, Emil, Cisca an Emilie, kënne stolz op hier Leeschtung sënn. 
An der regionaler Final zu Woltz hott d'Cisca Eeckels eis Schoul vertrueden. Belount goufen di drai éischt mat flotte Bicher.
Detailer ueweisen