Regionalschoul-Uewersauer
News Archiv
Detailer ueweisen
Nichoirs...
Am Kader vun eisen Naturdeeg hunn Kanner aus dem C4 an C3 Vullenhaisercher gebaut. Des ginn vun deen Kléngen aus dem C2 gemolt an no der Péngschtvakanz ronderem eis Schoul an ronderem d'Weieren opgehang.Naturdeeg
Ab dem 18. Mee heescht et bei eis an der Schoul NATUR PUR!D'Schüler aus eiser Schoul befaassen sech des Woch mi intensiv mat der Natur. Geessen a Schof bei eise Weieren, Aktivitéiten ronderem eis Beien zesummen mam Imker, schaffen un eisem Héngerpark an Aktivitéiten an Atelieren em artgerecht Déierenhaltung, Schof schieren, grouss Botz em d'Schoul, Recycling,...a Villes méi.
Scipads
Kuckt eech hei de Video vum "SciPads-Projet" un deen seit e puer Joer an eiser Schoul zesummen mat Uni.lu leeft.SciPads Youtube
Regionalschoulhunger
Mir presentéieren: eis Hunger!Nieft 9 Haushunger lafen nieft eiser Schoul lo och Zwerghunger, nämlich Welsumer, Sussex an Australorps. Am Ganzen 17 Hunger an 2 Hunnen.
Hei e puer Fotoen an Infoen.
D'Regionalschoul Uewersauer spend 7500€
Junior Life Saver FLNS
Rettungsbrevet fir eis Enseignanten - Formation continue zu Kietscht an der SchwämmD'Kanner aus der Hareler Regionalschoul iwwerreechen e Chèque am Wert vun 15000 €
Laafen fir ze heelen - laachen fir ze heelenMat 1944 gelafene km a mat ganz ville Sponsoren ënnerstëtzen d'Schüler aus der Regionalschoul Uewersauer d'Assossiatioun "laachen fir ze heelen". Haut war de Fernand Neumann op Besuch an hott een Chèque vun 15000 Euro entgéint geholl.