Regionalschoul-Uewersauer
Sustainable innovative school (Blog) | Antrag erstellen / änneren
EISE BLOG - mir halen eech um Lafenden iwwert eise Projet
Hei leeft eise neie Blog zum Projet "Sustainable innovative school". Mir schaffen zesummen mat benu.lu.
Ziel ass et, eis ganz Schoul méi nohalteg ze gestalten.
Hei fannt dir méi dozou!
Dir wëllt eech bedeelegen? oder dir wëllt ee Kommentar hei loossen? dir sidd häerzlech invitéiert dest ze maachen! (klickt uewen op ANTRAG ERSTELLEN)
Dir wëllt um Lafenden bleiwen? dann abonnéiert den rss-Feed (ënnen riets) a setzt dësen an een Rss-Reader um Handy oder Tablet.

Projet Höerwiss - E Biodiversitéitsprojet vun der NaturAg
Jacques | 10.03.2020Klickt op deen hei Link fir méi iwwert dëse flotte Naturprojet gewuer ze ginn.
Dir hutt Iddien a wëllt eis hëllefen? mellt eech bei eis!

Smoothie Projet
Jacques | 10.03.2020Haut lancéiert - ee neie Projet vun eiser NaturAG mam Zil Uebst a Geméis dat soll weggeworf ginn, ze recuperéieren.
MERCI BIOKEIMLING
klickt op de Link fir weider Infoen.

Night, lights & more
Jacques | 06.03.2020LichtKlangKonzert - Organiséiert ass dësen Evenement vun den Naturparken Our an Uewersauer, mam Zil op d'Liichtverschmotzung opmerksam ze maachen.
Eis Schoul setzt sech am Kader vum ReScUe Projet staark fir Vermeidung vun Offall an Energieverschwendung an, sou datt des Opféierung eng weider Initiativ ass fir op des Probleematik hinzeweisen.

Ouni Offall an d'Zukunft
David | 05.03.2020"Ouni Offall an d'Zukunft" heescht 1 vun 5 Aarbechtsgruppen vum Projet RESCUE.
All d'Acteuren vun der Schoul, hunn sech wärend dem Workshop Gedanken zum Thema Offall gemeet.
Wéi kënnen mer Offall vermeiden, reduzéieren, respektiv recycléieren, war déi zentral Fro.
Folgend Pisten/Froen sinn opkomm a wäerten weider diskutéiert ginn:
- Wat bedeit eng Woch ouni Plastik, respektiv eng Schoul ouni Plastik?
- Manner "Einwegverpackungen" an eiser Schoul
- Wéi kënnen mer eisen Offall nach besser triéieren, respektiv de Restmüll reduzéieren?
- Zero Waste Schoulfest
- Grouss Botz als festen Bestanddeel vum Schouljoer

Mardi 02.03. Lancement officiel du projet ReScUe
Tania | 02.03.2020Am Kader vum Projet SIS - sustainable innovative schools setze mir eis verschidden Defien a probéieren der Nohaltegkeet an eiser Schoul méi e grousse Stellewert ze ginn.
De Projet selwer hu mir an eiser Schoul "ReScUe" genannt, REgionalSChoulUEwersauer. Geschafft gëtt op
6 verschidden Themefelder déi mir folgendermoossen betitelt hunn:
Opschwong an eng zukunftsfäheg Schoul
E Schoulgebai mat Alentoure fir d'Zukunft
Eng Eesskultur fir d'Zukunft
Eng Mobilitéit fir d'Zukunft
Ouni Offall an d'Zukunft
E nohaltege Schoulprogramm fir d'Zukunft
Bedeelegt sinn all Intervenanten an, mee och ronderem eis Schoul, vu Kanner iwwer Elteren bis hin zu de Responsablen aus de Gemengen an engem groussen Deel un externe Partner wi Naturpark, Forstverwaltung, Superdreckkëscht...
am Anhang d'Projetsbeschreiwung

Eise Pabeierverbrauch
Jacques | 26.02.2020Am Grupp "ouni Dreck an t'Zukunft" gouf während der éischter Sitzung direkt iwwert de Verbrauch am Schoulgebai diskutéiert. Eis Schüler aus der NaturAg hunn dat opgegraff an sech direkt d'Fro gestallt wéi vill Pabeier an eiser Schoul an de Copéierer verbraucht gëtt.